gestalt-thérapeute
Gestalt Therapist

Emmanuelle Lamberty

2, route d'Arlon, L-8832 Rombach-Martelange

+352 691 15 69 80

français, Lëtzebuergesch. English


Biographie
Mat béide Nationalitéiten, déi Belsch an déi Lëtzebuergesch, sin ech an engem klengen Duerf hanner der belscher Grenz opgewuess.

Vu klengem un hun ech mech vum Sin a vum Zesummesin mobiliséiert gefillt: wéi erliewen ech et? Wéi iwwermëttelen ech et? Wei léise mer gemeinsam dei kleng a grouss Onstëmmegkeeten? Des Perspective huet mech duech mäi ganzt Journalismusstudium begleed, awer och duerno am Berufsliewen als “responsable de communication” bis hin zu menger Formatioun an der gestalt-thérapie.

Formatioun an der gestalt-thérapie
No 4 Joër praxisorientéierter Formatioun hun ech 2019 am Institut Belge de gestalt-thérapie main Diplom an der gestalt-thérapie absolvéiert. Kollegial Berodung, Supervisioun sou wéi Formatiounen erlaben mir et, mech stänneg weiderzebilden an ze évoluéieren.

Waat ech ubidden
Ech empfänken souwuel Kanner wéi erwuessen Persounen a mengem private Cabinet fir Consultatiounen, souwuel op lëtzebuergësch wéi op franséisch an op englesch. Meng Arbecht stëtzt sech op folgend Ausdrocksméiglechkeeten: Spill am Sand (Sandplay therapy), artistësch Kreatioun an de Kontakt mat der Natur (mat Consultatiounen am Fräien).